Déi spannend Phase vum Joer vun der Saison 2025-2026 an der Enovos League fänkt dëse Weekend un.
D’Playoffs stinn um Rendez-vous an se verspriechen nees ganz vill Spannung an Intensiv Matcher!
 
Eis Jongen hunn d’Schlusstabell op der 4ter Plaz ofgeschloss a si spillen an der Véirelsfinall géint de Basket Esch, dëst am Modus Best-of-three.
 
Hei de Fuerplang fir déi nächst Matcher:
1. Match: Amicale – Basket Esch —> Samsden, den 11. Abrëll um 19.00 Auer 🕖 zu Steesel 📍
2. Match: Basket Esch – Amicale —> Mëttwoch, de 15. Abrëll um 20.00 Auer 🕗 zu Esch 📍
3. Match: Amicale – Basket Esch  —> Samsden, den 18. Abrëll um 19.00 Auer 🕖 zu Steesel 📍 (gëtt nëmme wann néideg ⚡ gespillt)
 
Kommt eis Steeseler Jongen ufeieren 🙌📣🔥!
 
Elo ass et wou et zielt!
 
Yellow-Purple All the Way!
3……2………..1….. STEEESEL!