09/01/2026
Et ass esou wäit. Deen éischte groussen Highlight vun der lafender Saison am nationale Basket steet dëse Weekend um Rendez-vous. Am Gymnase vun der Coque ginn d’Halleffinalle vun der Lalux Ladies Cup an vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg gespillt.
Eis 2 Ekippen hunn dëst Joer de Sprong gepackt an sech fir d’Semi Finals qualifizéiert.
Wéi et sou schéin heescht “Ladies first” maachen eis Dammen dann och den Ufank a spillen um 17h30 géint den T71 Diddeleng.
Géint den ongeschloenen Leader hunn eis Meedercher nach eng Rechnung op. Mat voller Konzentratioun an de Match a mat enger gudder Defense probéieren d’Ladies vum Coach Paul Missavage alles drun ze setze fir der Ekipp aus der Forge du Sud e Been ze stellen.
Um 20h00 ass et dann un eisen Hären. Als Géigner hunn si d’Männer aus den Däichwisen d’Ettelbrécker Etzella zou geloust kritt.
D’Jongen ëm hire Captain Noah Medeot hunn sech selbstverständlech uerdentlech op dëse Rendez-vous virbereet a wäerte mat 100 % aus de Vestiairen eraus kommen, fir direkt am Match ze sinn.
Wéi heescht et esou schéin… D’Coupe schreift hir eege Gesetzer 

D’Amicale Steesel géint den T71 Diddeleng bei den Dammen.
D’Amicale Steesel géint d’Etzella Ettelbréck bei den Hären.
Zwee spannend Matcher wou eis 2 Ekippen Iech als 6ten Mann brauchen!!!
Léif Steeseler Supporter maacht Iech prett fir dëse wichtegen Dag.
Bréngt alles mat wat mauve a giel ass a maacht Iech op de Wee an d’Coque op de Kierchbierg.
Mir informéieren Iech heimadder nach eng Kéier dass de Supporterclub “Les Amis de l’Amicale” eng Gratis Busnavette en Place gesat huet.
Den Depart ass um 16h15 bei der Hal Alain Marchetti zu Steesel.
De Retour ass 30 Minutten nom Härematch nees zeréck op Steesel.
Let’s Go AMICALE!!!!!
Let’s Go STEEEEEEESEL!!!!!

