Haut um Sonnde stinn bei eisen Damme wéi och bei eisen Hären Auswäertsmatcher op der Affiche. Et geet erof an de Minett, méi genau op Esch. Um 15h00 Auer ass et fir d’éischt un eisen Dammen. Si wäerten alles dru setze fir déi 2 Punkte mat op Steesel ze bréngen.

Um 17h00 geet et da fir eis Hären op den Terrain. Fir d’Jonge vum Coach Daniel Brandao waart mat deenen Escher eng haart Noss.

Kommt de Mëtteg bis op Esch fir eis 2 Ekippen un ze feieren.

Allez Steeeeeesel💜💛