D’Paus am Dammechampionnat ass eriwwer. 
 
No 2 Victoirë géint Irland a Bosnien-Herzegowina an enger knapper Néierlag géint Israel vun eiser Nationalekipp steet dann elo nees den Alldag um Programm. 
 
Besonnesch freeë mir eis, datt eis Spillerin vun der Amicale Steesel, d’Julie Mangen, bei allen dräi Lännermatcher mat dobäi war an déi rout-wäiss-blo Faarwe vertrueden huet. 
 
Elo steet nees d’Championnat vun der LBBL um Rendez-vous, dëst mat engem Nodrosmatch vum 7. Spilldag. 
 
D’Ladies vum Coach Paul Missavage spillen dëse Sonndeg den 23. November um 17h00 am Centre Atert géint d’Sparta vu Bartreng. 
 
Kommt eis Ladies ënnerstëtzen!!! Si freeën sech iwwert äre Support!