E wichtegen duebele Spilldag steet haut den Owend um Rendez-vous. Dëst mat 2 Auswäertsmatcher am Kader vun den 1/8 Finallen an der Lalux Ladies Cup an och an der Loterie nationale Coupe de Luxembourg.
 
Trei nom Motto „LadiesFirst“ däerfen eis Dammen dann och ufänken. Um 19h00 Auer heescht de Géigner am „KUSS“ um Scheierhaff, AS Zolwer, eng Ekipp aus der Nationale 2 déi mat engem 10 Punkte Virsprong an dëse Match starten däerfen.
 
 Um 20h15 heescht et fir eis Hären dann nees Derby-Time, an domadder déi 1. Geleeënheet fir Revanche géint den Noper Walfer ze huelen. An der Hal Prince Henri zu Walfer heescht e tnees vun Ufank aus un konzentréiert géint d’Résidence an de Match ze goen, d’Form iwwer 40 Minutte probéieren ze halen a mat der Ënnerstëtzung  vun de Steeseler Supporter Gaass ze ginn.
 
 Leider sinn eis d’Matcher zäitlech net ganz glécklech gefall fir se allebéid kënne kucken ze goen.
 Mir drécken Iech d’Daumen!!!
 
Let’s GO AMICALE!!! 💛💜💛💜