Haut um Samschde 27. September steet schonn den 2. Spilldag an der LBBL ENOVOS LEAGUE op der Affiche.
Nom Ladies Open leschte Sonnden um INS, wou et an engem enke Match géint den AB Contern knapps net duer gaangen ass, setzen d’Damme vum Coach Paul Missavage alles dru fir haut déi éischt Victoire kënnen ze feieren an d’Punkte mat op Steesel ze bréngen.
D’Rees geet haut an den héijen Norden an d’Brauereisstad bei d’Sangliers op Wooltz. Tipp off ass um 19h00 Auer am “Nouveau Centre scolaire”.
Fir eis Häre steet dann haut um 2. Spilldag schonn den Uelzechtdallderby um Rendez-vous.
Mat enger staarker Leeschtung d’lescht Woch géint d’Kordall Steelers sinn d’Jungs gutt an d’Saison gestart a gi sécherlech mat deem néidege Selbstvertraue bei den Noper op Walfer.
Um 20h00 Auer heescht et mat voller Konzentratioun am “Centre sportif Prince Henri” op den Terrain ze goen!
Kommt eis Ekippen och auswäerts ufeieren, si brauchen all är Ënnerstëtzung!