Dëse Weekend steet de 6. Spilldag um Programm.

Fir eis Ladies, steet dëse Samschden um 18h30 mat der Sparta vu Bartreng e schwéiere Géigner um Parquet géintiwwer.

Kommt eis Meedercher op Bartreng an de Centre Atert ufeieren. Si freeën sech op är Ënnerstëtzung.

Eis Häre sinn e Sonnden um 16h00 beim Basket Esch op Besuch.

Am Centre Omnisports Henri Schmitz wäerten eis Jongen ëm de Kapitän Noah Medeot alles gi fir de Match zu hire Gonschten ze entscheeden an 2 weider Punkten an der Tabell anzeféieren.


Allez Steesel… Allez Amicale… Allez Mauve-Giel!!!!