Dëse Samschden ass et erëm sou wäit – De 5. Spilldag vun der LBBL Enovos League steet un!
 
Eis Ladies begréissen um 18h30 de Basket Esch bei eis an der Hal. No enger staarker 74-100 Victoire zu Wolz wëllen eis Meedercher de Schwong mathuelen an déi wichteg Punkten zu Steesel halen.
 
Direkt dono, um 20h30, trieden eis Häre géint Arantia Fiels un. No engem schwéiere leschte Weekend wäerten d’Jungs vum Coach Daniel Brandao alles ginn, fir zréck op d’Gewënnerspuer ze fannen!
 
Kommt alleguer e Samschden an d’Alain Marchetti Hal an ënnerstëtzt eis Equippen als hire 6ten Mann – mir zielen op iech, léif Steeseler Supporter!
 
Natierlech si d’Buvette, d’Huguetten an de Coin du Vin nees fir iech prett, an och eis Jugendkommissioun versuergt iech mat de beschte Bréidercher.
 
Mir freeën eis äre Besuch – bis de Samschden!