Léif Supporterinnen a Supporter vum Steeseler Basket,


De Comité vun der Amicale Steesel invitéiert Iech ganz häerzlech op hir “Assemblée Générale Ordinaire” Freides de 5. Juli um 19h30 am Kultursall (nieft der Hal Alain Marchetti).


Mir géifen eis freeë fir all Eis aktiv an inaktiv Memberen an och d’Eltere vun eise Jugendspiller op dëser AG kënnen ze begréissen, an op e ganz erfollegräicht Joer vun eisem Club kënne zeréck ze kucke souwéi och schonn e Bléck op d’Saison 2024/2025 ze werfen.


Nei Kandidature fir de Comité si schrëftlech via Mail op info@amicale.lu ze schécken.