Dës Woch stinn d’1/8 Finalle vun der Coupe am nationale Basket um Rendez-vous.
 
Fir eis Hären heescht et haut um Dënschden Owend bis op Miersch ze fueren.
Um 20h30 geet et fir eis Jonge géint d’Ekipp aus der Nationale 2, de Black Star Miersch.
Et gëllt direkt en 10 Punkte Réckstand opzehuelen a vun Ufank aus u konzentréiert an dëse Coupematch ze goen!
 
Kommt d’Jongen op Miersch ënnerstëtzen! 
 
Si brauchen ären Support.